accueilréservationhistoriquephotogalerieinfopressenewslinkspartenaires
    Samsdeg, 24. Oktober 2009 um 20h00
Festsall an der aler Gemeng Biissen


Concertant Opféierung vun "Eng Hellecht op der Musel" an "Dräi ass gëttlech"
zwee där schéinster Theaterstécker, wou d’Musel a seng Leit besonge ginn
De Muselwäin an der Poesie an am Lidd

Solisten:
Gaby Wolter-Boever, Sopran
Manou Walesch,
Mezzosopran
Raymond Majerus,
Tenor
Jean-Paul Majerus,
Bass-Baryton
  Orchester:
Ann Majerus, Gei
Marc Bettendorf,
Piano
Jean Hommel,
Contrabass
 
  Conférencier:
Henri Losch

Eng Hellecht op der Musel

eng Operett vum Jean Pierre Dieschbourg a mat Musek vum Charles Günther.

De Jean Pierre Dieschbourg, en Iechternacher Jong, war Geometer vu Beruff a Surnuméraire um Kadaster. Nieft ville Publikatiounen iwwert seng Heemechtsstad an iwwert säi Beruff, huet hien sech eng Freed draus gemaach Operetten ze schreiwen, am Genre vum Dicks senge Singspiller.

D’Beb, eng Wënzerfra vu Réimech, féiert d’Meeschterschaft am Stot. Hire Mann, de Fränz, huet sech mat de Joren un deen Zoustand gewinnt, mä hir Duechter, d’Sisi, ass awer och glat net d’accord mat hirer Mamm. Si dreemt dervun, hiert Meedche mat engem räiche Bauerejong vun där Säit der Musel ze bestueden. Dat jonkt Kand wëllt deen awer net. Hatt huet een aneren am Schna, de Jos, en Usträicher, an deen ass der Mamm net dichteg genuch. Zesumme mat senge Kollege bréngt de Jong et fäerdeg deen Bretzertt vun doiwwer lächerlech ze maachen, an d’Saach kritt dee richtegen Dréi; déi zwee, déi sech gär hunn, kréien sech, an d’Mamm verléiert hir Meeschterschaft.

De Charles Günther, Komponist vun dëser Operett, war een ausgezeechente Museker, deen de Sënn fir schéi Melodien hat. Nenne mer nëmmen d’Oweslidd "Aus de Bierger duerch den Dall", wat d’Jongen an d’Meedercher an der Lies sangen. De Günther war do dernieft en excellenten Dirigent, sou ënnert anere Plazen, laang Zäit Chef vun der Escher Stadmusek.

"Dräi ass gëttlech"
eng Operett vum Batty Weber mat Musek vum J.A.Muller.

De Batty Weber, beschtbekannt als Feuilletonist mat sengem "Abreisskalender", huet d’Lëtzebuerger Mondaartdichtung souzesoe groussjäreg gemaach an den Theater vun heiiwwert dat Provinziellt eraus op d’Brieder bruecht.

Den Éim Klees, e Schwéidsbenger Wënzer, huet an der Stad een neien Nuetsdësch kaaft a mécht mat deem Prachtstéck eng klen Halt am Gëllenen Anker, wou e puer Krunnemécke fatzeg de Geck mat em maachen, an him dat neit Miwwelstéck verstoppen. Den Éim Klees ass der Meenung, et hätt een e geklaut, a well en seng gutt Fra fäert wéi der Jomer, rifft en d’Polizei ëm Hëllef, a leeft een zweeten Nuetsdësch kafen. An där Baants mécht d’Police sech op d’Sich. De Jampier, ee vun deene Spaassvullen, huet sech Hals iwwer Kapp an ee flott jongt Meedche verléift a wéi e gewuer gëtt, datt et dem Klees seng Duechter ass, kritt e Gewëssensbëss, geet nom verstoppte Miwwel kucken, mä deen ass net méi do. Et bleift em soss näischt iwwreg wéi séier een aneren Nuets-dësch kafen ze goen. An esou kënnt et wéi et huet misse kommen.

De J.A. Muller, laangjäregen Direkter vun der UGDA, huet d’Musek vun dëser Operett komponéiert mat e puer herrleche Melodien, déi awer och jidder Lëtzebuerger kennt, a gär bei engem gudde Pättche séngt.

De Muselwäin an der Poesie an am Lidd

Wuel kaum een anere Sujet huet d’Dichter, d’Lidderschreiwer an d’Komponisten esou inspiréiert wéi de Wäin, a bei äis eben de Lëtzebuerger Muselwäin. Wéi kënnt et och anescht sinn, bei deem Himmelssaaft, dat d’Wéngerte laanscht d’Musel äis schenken.

Dee glënnert, fénkelt, pärelt, verféiert a verzaubert Gaum an Nues, deet himmlesch Noute klénken bis an dat Déifst vun eiser Séil. Kee Wonner, datt mer versicht ginn, fir äis de Solisten unzeschléissen.


Niewend engem gudde Pättchen servéiere mer e Fëschteller vun der Musel oder eng Rieslingspaschtéit

Prix d’entrée
Prévente: 10 €, Caisse du soir: 12 €,
Etudiants: 5 €

Fëschteller: 12 €
Paté au Riesling: 6 €
  Réservations des places
et de la Collation:

Téléphone: 85 80 08 ou sur notre site internet sous la rubrique "Réservation"

Sous le patronage du Ministère de la Culture, du Ministère de Tourisme, du Fonds Culturel National et de la Commune de Bissen.

Programme 2009
Partenaire