accueilréservationhistoriquephotogalerieinfopressenewslinkspartenaires
  Samedi 8 mai 2010 à 20h00
au Centre Culturel à Colmar-Berg


iwwer d’Wierk vum Laurent Menager (1835 - 1902)

Mat Chéier a Solisten
Conférencier an Direktioun: Damien Sagrillo

  Wa mir vu lëtzbuerger Musek schwätzen, denke mer spontan un de Michel Lentz an den Dicks, vläicht nach un den J.A. Zinnen. Op de Laurent Menager komme mer net esou direkt, obwuel Jidfereen säi "Margréitche" kennt. Haut den Owend versiche mer Iech dëse ganz aktive lëtzebuerger Komponist méi no ze bréngen.

De Laurent Menager ass den 10. Januar 1835 als Jong vum Bäckermeeschter Max Menager am Pafendall gebuer. Seng éischt musikalesch Erzéihung krut hie vu sengem Papp.
Vun 1847 bis 1854 ass hien dann an den Atheneum gaangen an huet gläichzäiteg Gei, Cello, Piano an Harmonie bei engem Musiker vun der deemoleger Garnisoun geléiert. Als Student huet de Laurent Menager schon de Chouer vum Kolléisch an de Chouer vun der Redemptoristekiirch dirrigéiert.

No dem Premiersexamen huet de Laurent Menager ugefaangen als Comptabel an engem Geschäft ze schaffen. Awer d‘Bürosaarbecht war näischt fir dëse Kënschtler an am Hierscht 1855 ass hien op Köln op de Conservatoire gaangen. Am Hierscht 1856, also ee Joer méi spéit, koum hien zréck op Lëtzebuerg a gouf Museksproff an der stadter Museksschoul. Dës Aarbecht huet hien vun 1859 bis 1860 ënnerbrach, fir säi Studium zu Köln fäerdeg ze maachen.

1857 huet de Laurent Menager, zesumme mat dem Schoulmeeschter Ecker, de Männerchouer "Sang a Klang" am Pafendall gegrënnt. Derniewend huet hien de Pafendaller Caeciliechouer geleet a war 41 Joer laang Organist an der pafendaller Kiirch.

Wéi d‘Museksschoul 1882 opgeléist gouf, ass de Laurent Menager Museksenseignant an de stater Primärschoulen ginn an 1889 huet hien als Museksproff an de Kolléisch gewiesselt.

1891 ass den Adolphverband, déi heiteg UGDA, gegrënnt ginn mat dem Laurent Menager als Direkter, eng Fonktioun, déi hien bis zu séngem Dout de 7. Februar 1902 behalen huet. De Laurent Menager ass um Siichenhaff begruewen. 6.000 Leit a 45 Gesellschaften solle bei séngem Begriefness matgaange sinn, ënnert hinnen de Staatsminister Paul Eyschen an eng ganz Rei Notabilitéiten aus Politik a Gesellschaft.

Well esouvill Leit um Begriefness waren, huet d‘Press an hire Noriff de Laurent Menager als "Lëtzebuerger Nationaldichter" bezeechent, een Titel deen et offiziell a juristesch net gouf.

De Laurent Menager huet keen eegene Museksstil entwéckelt a seng Kompositiounen baséieren op dem Stil vun der däitscher Romatik an der hien bei sengem Studium zu Köln ausgebildt gouf. Hien ass populär ginn, well hie Musek geschriwwen huet, déi gebraucht gouf, sief et fir säi Männerchouer "Sang a Klang", sief et fir Massen oder sief et Instrumentalmusek fir bestëmmte Geleeënheeten.

Eisen Owend zu Biisen iwwer de Laurent Menager gëtt entworf, kommentéiert an dirigéiert vum Damien Sagrillo. E steet ënnert dem Zeechen vum 175te Joresdag vum Laurent Menager sengem Geburtsdag. Den Damien Sagrillo ass Professer fir Museks- an Erzéihungswëssenschaften op der Uni Lëtzebuerg an huet séng Dokteraarbecht geschriwwen iwwer "Melodiegestalten im luxemburgischen Volkslied".

Traditionnell gëtt et op eisem Lëtzebuerger Owend e klenge Maufel z‘Iessen (Hameschmier fir 10 € oder e Kéisteller fir 9 €) bei engem gudde Pättchen vun der Lëtzebuerger Musel.

Wéint Embauarbechten am Festsall zu Bissen, gëtt de Concert ausnaamsweis am Centre Culturel zu Colmar-Bierg organiséiert.

Prix d’entrée
Prévente: 10 €, Caisse du soir: 12 €,
Etudiants: 5 €
  Réservations des places:
Téléphone: 85 80 08 ou sur notre site internet sous la rubrique "Réservation"

Sous le patronage du Ministère de la Culture, du Ministère de Tourisme, du Fonds Culturel National et de la Commune de Bissen.

Programme 2010
Partenaires
D'Union Grand-Duc Adolphe mat den Domaines de Vinsmoselle
fir Musek a Gesank am ganze Land