Anniversaire 10 ans
accueilréservationhistoriquephotogalerieinfopressenewslinkspartenaires

Concert an der Kapell um Wobierg de 5. Oktober 2019

Et ass eng laangjäreg Traditioun, dass d’Soirées Musicales de Bissen fir Rouchidag op ee Concert an der Kapell um Wobierg invitéieren. Dëst Joer war et ee Concert vun dem Ensembel CLARASIUS, ee Quattuor mat dräi Trompetten an Uergel. Trompettiste ware Michel Berns, Guy Conter a Patrick Haas, Solisten an Enseignante fir e.a. Trompett. D’Uergel gouf gespillt vum Paul Breisch, Organist vun der Stater Kathedral.

Den Ensembel CLARASIUS gouf 1981 vun den Trompettiste Guy Conter, Patrick Haas a Jean Kohnen, allen dräi, Laureaten vun dem Bréisseler Conservatoire, gegrënnt. Am Laf vun der Zäit koum eng Uergel derbäi, sou dass den Trio sech ëmgestalt huet zu engem Quattuor. D’Grënnungsmembere Guy Conter a Patrick Haas hunn um Concert zu Biissen matgewierkt. Als drëtten Trompettist war et ee Pleséier, de Michel Berns erëm ze gesinn. De Michel Berns ass keen Onbekannten zu Biissen. Hien ass scho bei verschiddene Concerte vun de Soirées Musicales opgetrueden an hie war “special guest” bei dem Gala Concert vun der Biisser Musek den 11. Mäerz 2017.

Um Programm stoungen haaptsächlech Wierker vum Johann Sebastian Bach a Claudio Monteverdi, mee och eng modern Kompositioun an zwar "5 Mouvements pour 3 Trompettes" deen de Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen 1985 speziell fir den Ensembel CLARASIUS geschriwwen hat. Den Här Wiltgen war selwer present um Concert an hien huet déi dräi Trompettiste felicitéiert fir d’Interpretatioun vu sengem Wierk.

Gospel Concert den 9. Januar 2020,
organiséiert vun de Soirées MusicaLes de Bissen

 

Schonn déi drëtte Kéier war den amerikanesche Grupp "The Gospel People" zu Biissen op Aluedung vun de Soirées Musicales. No den Optrëtter vun 2014 an 2016 war och den Owend vum 9. Januar 2020 nees e grousse Succès.

De Grupp ass bal an därselwechter Besetzung opgetruede wéi 2016, wouduerch eng grouss Homogenitéit vun dem Klangbild entstanen ass. Et huet ee gemierkt, dass d’Musekerinnen an d’Museker een agespillten Team sinn déi sech voll op enaner verloosse kënnen, wouduerch Jidderee bei senge Solopartien iwwer sech rausgewuess ass. Et kann ee scho soen, dass dat, wat de Grupp stëmmlech an och physesch geleescht huet, gläichzesetzen ass, mat deem wat vun Héichleeschtungssportler verlaangt gëtt.

De Programm vun dem Concert war breet opgestallt a goung vu klasseschem Amerikaneschem “Black Gospel” iwwer Arrangementer mat Jazz a Soul Rhythmen bis hin zu de “Contemporary Gospels” mat Rock a Popp Elementer. Dem Lead Sänger Owen Nixon ass et gelongen, d’Publikum derzou ze bréngen, net nëmme mat den Hänn ze klappen, mee opzestoen a matzesangen.

Bei dem Solo-Optrëtt vun der “Big Mamma” Deidre Valentine, déi och scho vun Ufank un derbäi war, sinn d’Leit spontan opgespronge fir hir eng standing ovation ze bréngen. Du war keen Hales méi an de ganze Publikum huet bei de Schlusslidder “Amazing Grace”, “Oh Happy Day” a “We are the
World” matgesongen, gewénkt a geklappt.

De Concert war ee gelongenen Optakt fir déi kulturell Aktivitéiten zu Biissen an der Saison 2020.


 

Concert 2023