Anniversaire 10 ans
tuba consortium Chapelle St. Marc Bertrand Gröger notenschlüssel
jazzchor freiburg
accueilréservationhistoriquephotogalerieinfopressenewslinkspartenaires
phantastische nacht  

Samschdeg, 14 November 2015 um 19.00 Auer
zu Biissen an der Festhal am Froumert

 


E lëtzebuerger Owend un der Atert

mam
Musekstheaterveräin Rhäifränsch
Gréiwemaacher

Rhäifränsch   Rhäifränsch

De Musekstheaterveräin RHÄIFRÄNSCH vu Gréiwemaacher beoptragt, organiséiert a verwierklecht nei lëtzebuergesch-sproocheg Musekstheaterproduktiounen. D'RÄIFRÄNSCH vertrëtt de Genre vum traditionnelle Komméidistéck wéi virun honnert Joer: eng lëschteg Geschicht aus dem Alldag, déi dem Vollek gären op de Mond kuckt, eng Musek, déi zougänglecch, usprochsvoll an zäitlos wëll sinn, eng Doze Sänger a Schauspiller, d'Elblinger an e klenge Bistrosorchester.

Als Logo gëtt sech RHÄIFRÄNSCH de kleng gewuessene, landbekannten Dréiuergelspiller Georgely (Georg Weyer, 1848 - 1924) aus Gréiwemaacher. Hien huet do gespillt, wou eppes lass war: op der Fouer, um Octave-Mäertchen, op Kiermessen ...   georgely

Entrée:
Erwuessener: 10 €
 Jonker ≤ 16 Joer: 5 €

Fir dëse lëschtegen Owend mat Theater, Gesang a Musek sou richteg ze genéissen, kënnt Dir zousätzlech bei eis eng Hameschmier bestellen fir de Präis vun 12 €.

Mellt Iech w.e.g. un iwwer Telefon bei der Mme Doris Ley-Abokaitis
op de Nummeren 691 429 899 oder 26 88 52 85 (no 17.00 Auer)

Weider Infoen zu dem Grupp RHÄIFRÄNSCH fand DIr op hirem Internetsite www.georgely.lu


 






















Concerts 2016
the gospel people
V^pres italiennes
Orient et Occident